Vergëft ... Agemauert ... Den Hummermann (2012) - a podcast by RTL Télé Lëtzebuerg

from 2012-12-09T19:00

:: ::

Zwee ongeléisten an ee geléistene Fall an dëser Emissioun.



Am Mäerz 1984 kritt e klenge Bouf an engem Appartement um Houwald nom Iessen Hieftabletten géint den Duerchfall. Kuerz drop mécht de Béifche Krämp. D'Eltere ruffen den 112 an d'Kand gëtt an Kannerklinik ageliwwert. Zwee Deeg drop ass de Philippe - 22 Méint jonk- dout. D'Doudesursaach ass Strychnin, e Rategëft.



18 Méint méi spéit gëtt en 42 Joer alen Elektrikergesell dout an enger drëchegeluechter Zetär an der Annexe vun sengem eegenen Haus zu Gaasperech fonnt. De Mann war agemauert ginn. D’Doudesursach ass net bekannt. Mä et gi Spuere vu Strychnin a sengem Blut fonnt.



Am Joer 2008 ginn an der Péitruss Strummerten op brutaalst Aart a Weis agresséiert an ëmbruecht. Wee stécht hannert dem Hummermann?

Further episodes of DNA

Further podcasts by RTL Télé Lëtzebuerg

Website of RTL Télé Lëtzebuerg