D'Chantal Maquet an hiert "Corona-Joer" zu Hamburg - a podcast by radio 100,7

from 2021-03-16T18:15

:: ::

Fir hir Molereien a jäizege Faarwe baséiert d'Chantal Maquet sech mat Virléift op Biller, also Fotoen/ Postkaarten/ Filmer, aus den 1950er Joren. Dat och nees fir hir aktuell Expo an der Diddelenger Galerie Nei Liicht, fir déi si sech mat der Kandheet vun hirem Papp, am belsche Kongo, auserneegesat huet.

De Projet huet si dräi Joer laang begleet an ass haaptsächlech zu Hamburg entstanen, der Kënschtlerin hiren éischte Wunnsëtz. D'Kerstin Thalau ass vun der Chantal Maquet gewuer ginn, wéi si do dat éischt Corona-Joer erlieft huet.

Further episodes of Kultur

Further podcasts by radio 100,7

Website of radio 100,7