Nei "good vibes" vum Don Gio - a podcast by radio 100,7

from 2021-04-08T10:38

:: ::

Viru gutt 30 Joer koum den Giovanni Dituri an Italien op d'Welt. Opgewuess a bliwwen ass hien zu Lëtzebuerg, wou hie sech éischter als Museker Don Gio en Numm gemaach huet: ufanks mat Hip-Hop, da mat enger Mëschung aus Hip-Hop, Reggae an dem sougenannten "rap conscient". Haaptsaach gudde Feeling, esou de Museker. Mëttlerweil ass den Don Gio bei De Läbbel, de Label, dee vun der lëtzebuerger Hip-Hop a Rap-Formatioun De Läb gegrënnt gi war; an hien huet nei "good vibes". De Mike Tock am Gespréich mam Don Gio.

Further episodes of Kultur

Further podcasts by radio 100,7

Website of radio 100,7