#48 Dee mat de Bicher - a podcast by Jill & Yannick

from 2021-04-19T14:26:39

:: ::

Paus. ass operstanen a kënnt mat enger Episod a "Wetten Dass"-Längt ëm den Eck. Haut ginn et net just extra vill zäitlech Verzögerungen (#Internetverbindung #ondiraitlesud) mee dir gitt esouguer gewuer, firwat d’Jill eng Mëschung vum Lana del Rey an dem Henry VIII. ass a wei eng vläicht 10 Meter grouss Iwwerraschung de Yannick huet. Mat dobäi sinn och asiatesch Philosophien, eis fantastesch Nolauschterer a fashion icons aus der franséischer Literatur. D'literarescht Duett eures Vertrauens liwwert iech d' Must-reads vun 2021, mat Leidenschaft gehaasste Klassiker a Bicher, di mir ni fäerdeggelies hunn.

Disclaimer: Mir wëssen natierlech, dass „Hurt“ vun de Nine Inch Nails ass, mee déi eenzeg richteg Versioun ass vum Johnny Cash (let’s be honest here).

Further episodes of Paus.

Further podcasts by Jill & Yannick

Website of Jill & Yannick