Podcasts by RTL - 5vir12

RTL - 5vir12

Eng Table-Ronde mat Prominenz a Pers

Further podcasts by RTL Radio Lëtzebuerg

Podcast on the topic Comedy

All episodes

RTL - 5vir12
5 vir 12: déiéischt Käerz, 03/12/2023 from 2023-12-03T11:10

Lo gëtt nees d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen Revue passéiere gelooss. Si sinn gewinnt géint de Stroum ze schwammen, a filteren a siften op wat se stoussen. Déi hei 5 loossen net einfach Gott...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 KI, 19/11/2023 from 2023-11-19T11:10

Si sinn net onbedéngt bekannt als déi grouss Diplomaten. Se maachen keng déck Baken mee falen iwwer all déi hier, déi déi lescht Wochen opgefall sinn, oder aus der Roll gefall sinn. Se rieden sech ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 ''De Walen no'', 22/10/2023 from 2023-10-22T11:05

Eng Woch virun de Walen souzen déi heiten 5 eng leschte Kéier zesummen an hunn Walprogrammer studéiert an analyséiert. 3 Wochen duerno geet mat Sécherheet vun de Walresultater rieds. Awer alles wat...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 'Walverspriechen', 01/10/2023 from 2023-10-01T11:05

An enger Woch gëtt gewielt, an da ginn d'Faarwen eventuell nei gemëscht. Dann falen d'Wierfel wien déi nächst 5 Joren d'Geschécker vum Land leet. 60 Plazen gëtt et an der Chamber déi nei ze besetze...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 ''Pippifax'', 17/09/2023 from 2023-09-17T11:05

Si observéieren a kommentéieren, reegelméisseg d'Aktualitéit op hier Manéier bei eis, awer 10 Wochen huet een keen Piipcheswiertchen vun hinne gehéiert. Elo, 3 Wochen ier mir stëmmen ginn, kënnt de...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 ''Summergefiller'', 09/07/2023 from 2023-07-09T11:10

De Franzous schwätzt vun 'bouche-à-oreille' an déi Däitsch vu 'Mund-zu-Mund-Propaganda'. Elo geet et nees eng Stonn ëm Couloirsgespréicher wou awer meeschtens e Fonken Wourecht drun ass. Déi heiten...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 - Vum Béier bis bei den Eed, 25/06/2023 from 2023-06-25T11:10

T'Zopp gëtt ni sou waarm giess, wéi se gekacht gëtt. A wien sech wat agebrockt huet, an wien wat ausläffele muss héiere mer dës Stonn.
2 Wochen no de Gemengewalen an 3 Wochen vi...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 ''De wëlle Wieler'', 11/06/2023 from 2023-06-11T11:05

Bis op e puer Gemengen sinn se haut am ganze Land opgeruff fir bei d'Urn ze goen. Nom grousse Casting déi lescht Wochen, ginn elo vum Wieler Neel mat Käpp gemaach, an op Mammendag ginn nei Gemengem...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 ''déi offiziell Walcampagne ass un'', 21/05/2023 from 2023-05-21T11:05

An dräi Wochen kréien d'Politiker Zensuren vun de Bierger. Hei bei hinnen an der Ronn gëtt et all zwou Wochen Notten. Mol méi, mol manner gutt, gëtt dann hei iwwer déi Dichteg a Wichteg geschw...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 ''God Save The King'', 07/05/2023 from 2023-05-07T11:05

Elo ass et nees Zäit fir tëschent den Zeilen ze liesen. A 14 Deeg huet sech genuch ugesammelt, an dat gëllt et opzeschaffen, ze diskutéieren an ad acta ze leeën. Vill knaschteg Wäsch gëtt nees gewä...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 ''Mat der Sonndesfro'', 23/04/2023 from 2023-04-23T11:05

5 Temperamenter stoussen elo nees openeen fir d'Aktualitéit vun de leschten 3 Wochen ze diskutéieren an ze kommentéieren. Si iwwerfléien awer net just d'Haaptiwwerschrëften vun deem wat national an...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 De Sigi vu Lëtzebuerg, 02/04/2023 from 2023-04-02T11:05

Si halen d'Aen op, a maachen de Mond net zou wann hinnen eppes net passt. Si richen op honnert Meter wann d'Lompen sténken, a sinn och net frou wann eng Geschicht en ellene Bäigeschmaach huet. Si p...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 ''Bretzelsonnden'', 19/03/2023 from 2023-03-19T11:05

D'Ekipp vum 5 vir 12 huet net just déi ganz Bretzel eragefeiert, ma sech och d'Aktualitéit vun de leschten 2 Woche gepléckt. Ausgelooss hu sech beim Christiane Kremer de Gérard Valerius, Lucien Czu...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Scampien op dem Schnittchen, 05/03/2023 from 2023-03-05T11:05

D'Wochen 7, 8 an 9 ginn elo wärend enger Stonn genee analyséiert a kommentéiert. Mat Kapp, Häerz a Bauch ginn elo déi verschiddenst Highlighte vun deenen 21 Deeg erausgepickt an t'gëtt mam Fanger d...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Ech crushen op dech, 12/02/2023 from 2023-02-12T11:05

Meeschtens geet et héich hier wann 5 komplett ënnerschiddlech Temperamenter wéi si openeen stoussen fir d'Wochenaktualitéit vun de leschten 14 Deeg ze zerplécken. D'Politiker, d'Wirtschaft an de Sh...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 -Àcôtéde la plaque, 29/01/2023 from 2023-01-29T11:05

Et gëtt Leit déi aus enger Méck en Elefant maachen oder d'Fléi néitschen héieren. Si hei hale sech penibel genee un d'Fakten. Mat Iwwerdreiwungen a béiswëllege Remarken wëlle si net a Verbindung br...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Trampolin an Hängematt, 15/01/2023 from 2023-01-15T11:05

D'Joer ass knapps un a schonn hänkt den Seegen bei de Parteien schif. Am Superwaljoer wäerten wuer nach vill spatz Remarken wéi Feiler hin an hier geschoss ginn. Ma net just d'Tribün wou Politik ge...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Happy new year 2023, 01/01/2023 from 2023-01-01T11:05

Um éischten Dag vum neie Joer kann een zréckkucken op all dat Schéint, dat Lëschtegt, dat Emouvant awer och dat Trauregt dat 2022 bruecht huet. Wat war top a wat éischter flopp. 365 Deeg resuméiert...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Rapp a Klapp, 18/12/2022 from 2022-12-18T11:05

Wa se an der Chamber och schonn mat sou Ausdréck wéi "ënnert aller Sau" oder "Topert" ronderëm sech geheien, dann geet et bei hinnen 5 méi gedam zou. Sie fannen meeschtens déi richteg Wieder, hunn ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Geld regéiert d'Welt, 04/12/2022 from 2022-12-04T11:05

Si sinn zanter ville Joren fir hiert Fangerspëtzegefill bekannt. Si bauschen näischt grouss op mä entschäerfen éischter all Situatioun. Heiansdo sinn se hirer Zäit viraus, awer meeschtens hippen se...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - WM a Winterlights, 20/11/2022 from 2022-11-20T11:05

Zu hirer 5 paken se elo nees de Réckspigel an d'Spektiv aus, well bis Mëtteg kucke se an déi jéngst Vergaangenheet, awer och d'Zukunft interesséiert si ferm. Wien ass hinnen - wann ee sou wëll - an...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - t'gëtt vill gedoktert, 06/11/2022 from 2022-11-06T11:05

Beim Jules Verne goung et nach an 80 Deeg ronderëm d'Welt, si hei sinn zu hirer 5 an packen den Tour an ronn enger Stonn ze maachen. Bekannten Nimm déi sech dernieft beholl hunn, an Leit déi duerch...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Mantelsonndeg, 23/10/2022 from 2022-10-23T11:05

An de Krisen gëtt sech op déi mat de breede Schëlleren verlooss. Hei kommen elo déi mam grousse Mondwierk. Si kennen eng Léisung fir all Problem, kommen ouni Ëmweeër op de Punkt an och am déckste N...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Comeback, 09/10/2022 from 2022-10-09T11:05

Vun Hippches op Hapches, vum Honnertstel an d'Dausendstel an ëm Gott an d'Welt geet et elo nees. Hei gëtt et lokal, regional, national an international Aktualitéit, alles frësch zerwéiert an opgesc...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Tripartite", 25/09/2022 from 2022-09-25T11:05

Gutt ausgerout kënne se elo nees duerfueren. D'Aktualitéit huet net geschlof a vill Geschichten vun Heiheem an Dobaussen waarden drop am Detail analyséiert an kommentéiert ze ginn. Déi 9 Woche...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Äddi Boris", 10/07/2022 from 2022-07-10T11:15

Sie verdeelen all 14 Deeg Zensuren, an soen wien Top a wien Flopp ass. Wien huet sech net un Spillreegelen gehalen, wien ass negativ opgefall a wien ass iwwer d'Ziel erausgeschoss. E klengen Austau...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Stau um Stau, 26/06/2022 from 2022-06-26T11:15

Zu hirer 5 sinn se elo nees déck do. An och wann se sech net ëmmer eens sinn, zéie se un engem Strang. Hier Missioun ass et d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen ze beliichten an an dat richteg Li...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Mammendag, 12/06/2022 from 2022-06-12T11:15

Si hu keng gutt an der Kopp, a wou eppes ze mellen ass do hale si de Fanger drop. Wien déi lescht 14 Deeg desagreabel opgefall ass, do wou eppes net normal gelaf ass, wou eng Decisioun geholl gouf ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - GNTM, 29/05/2022 from 2022-05-29T11:15

Déi hei 5 loossen sech keen "i" fir en "u" virmaachen. Zu hirer 5 schloen si Alarm wann eppes net richteg leeft, an och déi lescht 2 Wochen hu si nees méi wéi eng negativ Feststellung gemaach....

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - "Net ze gleewen", 15/05/2022 from 2022-05-15T11:15

Sou laang d'Welt sech dréit, sou laang kommen och ëmmer nees konterbosseg Geschichten vir. Mir brauchen dofir heiansdo net weit ze kucken, mä kënnen virun eiser eegener Hausdier kieren. A wéi Trüff...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - "1. Mee", 01/05/2022 from 2022-05-01T11:15

Si maachen zwar gären déck Baken, awer et kënnt meeschtens just waarm Loft. Si halen den Fanger awer an d'Wonn an hier Gedanken kann een héieren. 3 Wochen hu se, bedéngt duerch d'Vakanz, opzeschaff...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Pällemsonndeg", 10/04/2022 from 2022-04-10T11:15

Wat am Hyde Park zu London de "Speakers Corner" wou jiddereen dee well, senge Matmënschen ziele kann wat hien op der Séil huet, ass de "5 vir 12" fir déi heiten 5. Och si verroden elo nees eng Ston...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" Summerzäit, 27/03/2022 from 2022-03-27T11:15

Dag an Nuecht, Summer wéi Wanter sinn si um Dill an halen Aen an Oueren op fir nëmmen näischt ze verpassen. Déi lescht 14 Deeg hu se nees genuch Themen gesammelt déi si opgereegt oder ameséiert hun...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" Tanktourismus, 13/03/2022 from 2022-03-13T11:15

Si rullen duerch déi lescht 14 Deeg a kucken net ëm, wéi wichteg oder dichteg déi Persoun ass déi aus der Rei gedanzt ass. Fir deen, op deen si et ofgesinn hunn, gëtt et keen Pardon a keng bëlleg E...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" - d'Welt ass op der Kopp, 27/02/2022 from 2022-02-27T11:15

D'Stëmmung op Fuessonndeg war och schonn emol besser. Eng Kris jot déi aner. No der Pandemie de Stuerm, an elo och nach Krich an Europa. D'Equipe vum "5 vir 12" ass nawell op der Sich no gudde...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" Vältesdag, 13/02/2022 from 2022-02-13T11:15

Et gëtt jo Leit déi Geheimnisser gutt fir sech behale kënnen, an dann gëtt et der genee sou vill, wann net méi, déi dat guer net fäerdeg bréngen an all Informatiounen déi se opgeschnaapt hunn mat a...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" Autofestival, 30/01/2022 from 2022-01-30T11:15

Den Omikron suergt derfir dass ganz Büroen eidel bleiwen, Buslinnen ausfalen, Schoulgebaier no Ersatzproffen sichen, an och d'Personal am Gesondheetssecteur an a Crèchen bleift net verschount....

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" Petitiounen, 16/01/2022 from 2022-01-16T11:15

Et ass Zäit fir mouvementéiert Diskussiounen um Sonndeg. Hei gëtt och Kloertext geschwat, genee wéi um Krautmaart, just si sinn net zu 60 mä nëmmen zu hirer 5. Eng Aktualitéitsdebatt wou souguer na...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 -Äddi 2021, Moien 2022, 01/01/2022 from 2022-01-01T11:15

Si verpassen et net bal fir hire Pefferkär bäizesteieren zu deem wat leeft. All 2 Wochen huele si sech eng Stonn fir den Punkt op den I ze setzen, an d'Wochenaktualitéit ze kommentéieren. Um Enn vu...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" Quarantän, 12/12/2021 from 2021-12-12T11:15

Si hu keng gutt an der Kopp an falen iwwer alles a jiddereen hier, deen net bei dräi aus der Féiss ass. Och déi lescht 14 Deeg kruten si bestëmmt nees vill Waasser op hir Millen an hunn genuch Aktu...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Advent", 28/11/2021 from 2021-11-28T11:05

Déi hei 5 hu keng gutt an der Kopp. Si wëssen ëmmer wien sech nees de Batti gestallt huet an héieren d'Fléi néitschen. People, Sport an Politik awer och Wirtschaft an Literatur. Näischt ass hinne f...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Kultur", 14/11/2021 from 2021-11-14T11:05

Si zielen keng Geschichten, mä alles ass richteg geschitt. Si maachen an 60 Minutten den Tour vun all deem wat a 14 Deeg hei zu Lëtzebuerg a soss op der Welt geschitt ass. D'Ronn vun de Pensionnair...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Halloween", 31/10/2021 from 2021-10-31T11:05

D'Amerikaner hunn eis Halloween bruecht an de Moien kucke mir ob a wéi vill dat op d'Equipe vum Christiane Kremer ofgefierft huet. Gelungen Gestalten si si allemol.
Si hunn awer bestëmmt nach ge...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Hierscht", 17/10/2021 from 2021-10-17T11:05

2 Wochen Aktualitéit ginn elo nees a Musek ëmgesat. D'Rollen sinn kloer verdeelt. De Lucien Czuga spillt déi éischt Gei, den Al Ginter bléist Trompett, den Gérard Valerius schléit op déck Tromm an ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Pappendag", 03/10/2021 from 2021-10-03T11:05

Mat 4 Männer hëlt d'Christiane Kremer et haut nees op. Op et vill ze feieren gëtt sief dohinner gestallt. Ausgedeelt gëtt op alle Fall a gelaacht mat Sécherheet och. An dat och wann d'Themen vun de...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Rentrée", 19/09/2021 from 2021-09-19T11:05

No der Schoul, ass haut och Rentrée fir d'Equipe vum "5 vir 12". Si hu sech länger net gehéiert a virun allem gesinn an d'Christiane Kremer huet 1 Stonn Zäit vir d'Aktualitéit aus de leschten 8 Woc...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" virun der EM Finall, 11/07/2021 from 2021-07-11T11:15

Si kënne sech net richen, awer dofir héieren a gesinn. Dem Christiane Kremer seng 4 Gesellen hu sech vun doheem bäigeschalt fir déi lescht Woch Juni an déi éischt Woch Juli am groussen a ganzen z'a...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" no Nationalfeierdag, 27/06/2021 from 2021-06-27T11:15

14 Deeg hunn si gerascht fir elo nees de béise Fanger ze maachen. Daum erop op erof, Top oder Flop, ça passe ou ça casse. Dat ass och haut hire "modus vivendi". Nieft den al agesiessen Hären huet d...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Mammendag", 13/06/2021 from 2021-06-13T11:15

Queesch duerch de Bësch geet et haut nees mam Christiane Kremer a senge 4 Männer.
An och wann mam Al Ginter a Gast Waltzing direkt zwee Museker aus hirem Homestudio bäigeschalt ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Schnelltester", 30/05/2021 from 2021-05-30T11:15

De Mount geet sou lues op en Enn, d'Problemer bleiwen. Awer net iwwerall. Den Impfturbo gräift sou lues, an d'Schnelltester verroden engem och zimmlech séier op oder op net. D'Themen leien op der H...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" virum Meereenchen, 02/05/2021 from 2021-05-02T11:15

Hei sinn d'Meeschter am Kapprësselen. Lokal, regional, national an international kenne si sech aus, a wëssen, wat déi lescht 14 Deeg gelaf oder net gelaf ass. Besonnesch déi Saachen déi net ronn ge...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 nom "Sofagate", 18/04/2021 from 2021-04-18T11:15

D'Zopp gëtt net sou waarm giess wéi se gekacht gëtt, dat weess net just all Kach. Zu hirer 5 gëtt elo nees gekuckt op keen Hoer an der Zopp war an de leschten 3 Wochen. A mir hunn d'Crème de la Crè...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" - Summerzäit, 28/03/2021 from 2021-03-28T11:15

d'Christiane Kremer an déi ganz Corona hunn haut nees de Choix, well d'Aktualitéit huet déi lescht 2 Wochen méi hir ginn, wéi soss alt emol net an engem ganzen Joer. Wien mat wiem, a wien géint wie...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 op Bretzelssonndeg, 14/03/2021 from 2021-03-14T11:15

Vill Opreegung gouf et nees déi leschten 2 Wochen hei am Land awer och bei eisen Noperen ronderëm, an elo ass et un hinnen fir alles z'analyséieren a sech selwer opzereegen. Jiddereen bei sech Dohe...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 28/02/2021 from 2021-02-28T11:15

2 Wochen hu se gerascht an hunn sech zréck gehale. Se hunn léiwer déi aner am A behal déi op deene grousse Bünen ronderëmturnen. An elo kënnt hir Analyse. Ouni Filter an duebele Buedem. Se schwätze...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" op Fuessonndeg, 14/02/2021 from 2021-02-14T11:15

Si hunn et fauschtdéck hanner den Oueren, an dat weisen si net just op Fuessonndeg. Hei hält net een nom aneren eng Bütteried, mä all zesummen schaffen se déi wichtegst Themen vun de leschte 14 Dee...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 09/02/2020 11:10 from 2021-01-31T22:10:42.023393

Et gëtt Zäiten, do geschitt näischt weltbewegendes an der Aktualitéit, an da gëtt et Wochen, do spruddelt et nëmmen esou. Dës Kéier huet de Gilbert Bertolo genuch Choix fir mat deenen anere 4 ze be...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 26/01/2020 11:10 from 2021-01-31T22:10:42.023393

All 2 Wochen zéie si hire ganz perséinleche Bilan vun deem wat se wärend 14 Deeg verlauschtert, gelies oder gesinn hunn an da gëtt d'Analyse gemaach. 5 vir 12, dat heescht et treffen elo nees 5 Mee...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12", 31/01/2021 from 2021-01-31T11:15

Se sinn eppes wéi Muppen. Meeschtens verspillt. Se verdroen net dass een aneren hinnen d'Schank ofhëlt, a mat Momenter hondsen se och richteg drop lass. Ma wéi jiddereen weess "Honn déi billen, bäi...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "am Schnéi", 17/01/2021 from 2021-01-17T11:15

Summer wéi Wanter, mat Lockdown oder ouni, an ganz egal wéi en amerikanesche President um Rudder ass, bréngen si eis op de leschte Stand. Si kucken net nëmmen zréck, mä hunn och den Duerchbléck a k...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "2020 - Et war net ALLES schlecht", 01/01/2021 from 2021-01-01T11:05

Déi Kéier wier et besonnesch einfach gewiescht dat vergaangent Joer auseneen ze huelen, an a vill kleng eenzel negativ Puzzelstécker ze zerleeë. A wat maachen si? Se huelen den décken Hummer f...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" viru Chrëschtdag, 20/12/2020 from 2020-12-20T11:15

Well ee sech de Moment net sou dacks gesäit, huet ee sech noutgedrongen och méi ze verzielen. An dat wäert bei deenen heiten 5 net aneschter sinn, déi sech elo no 2 Wochen Radiosabstinenz nees erëm...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 op Kleeserchersdag, 06/12/2020 from 2020-12-06T11:15

Haut op Kleeserchersdag gëtt et och bei där heiten Band allméiglech Iwwerraschungen. Si deelen am Groussen aus. Fir déi eng gëtt et eppes Séisses an déi aner dierfe sech op eng Rutt gefaasst halen....

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 22/11/2020 from 2020-11-22T11:15

Keng Zopp ass hinnen ze waarm, kee Wee ze weit a kee Präis ze héich fir sech iwwer d'Aktualitéit lëschteg ze maachen. Si kucken zréck op déi lescht 14 Deeg a kieren och ënner den Teppech wann et mu...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" no Halloween, 08/11/2020 from 2020-11-08T11:15

Si huelen kee Blat vrun de Mond a Mask brauche se och keng well si sëtzen op Kilometeren auseneen am Home-Studio fir op déi déck Tromm ze fachen. Un alles sinn se interesséiert op Heiheem vun der D...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12", 18/10/2020 from 2020-10-18T11:15

2x am Mount kucken Si no hannen op d'Aktualitéit vun 14 Deeg. Wéi déi 5 Fangeren un enger Hand huet jiddereen och seng eegen Funktioun, a leet de Fanger an d'Wonn. Freet Iech op d'Zesummespill vun ...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" - Hierscht, 04/10/2020 from 2020-10-04T11:15

d'Nouvelle vun de leschte 14 Deeg ginn elo nach emol eng no där anerer duerchgeholl an analyséiert. 1 Stonn laang kommentéieren Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp a Gérard Valerius zesummen mam ...

Listen
RTL - 5vir12
5vir 12 "Rentrée", 20/09/2020 from 2020-09-20T11:15

Lo wou d'Vakanz iwwerall op en Enn geet, an de néidege Serieux nees zréck kënnt, hunn si och nees genuch Fudder. Déi lescht 9 Wochen ass awer och genuch passéiert an dat versiche se bis Mëtteg opze...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 "t'ass Vakanz", 12/07/2020 from 2020-07-12T11:15

Zu hirer 4 wëlle se der Aktualitéit haut nees hire Stempel opdrécken, ier déi eenzel Dossieren dann ad acta geluecht ginn. Mam Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius analyséiere me...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 "mat 4 Féiss an der Vakanz", 28/06/2020 from 2020-06-28T11:15

Viru geet et mam Al Ginter, Gerard Valerius, Jacques Kapp a Lucien Czuga.
2 hei am Studio um Kierchbierg an 2 am Homeoffice, sou war et nach virun 2 Wochen. Haut sinn et déi zwee selwecht déi hi...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 nächst Phase, 14/06/2020 11:15 from 2020-06-14T11:15

Och beim 5 vir 12 si mer an der nächster Phase vum Déconfinement ukomm, an dofir dierfe mer schonn nees 2 vun hinnen an de Studio ruffen fir d'Aktualitéit vun de leschten Wochen ze kommentéieren an...

Listen
RTL - 5vir12
5vir12 nächst Phase, 14/06/2020 from 2020-06-14T11:15

Och beim 5 vir 12 si mer an der nächster Phase vum Déconfinement ukomm, an dofir dierfe mer schonn nees 2 vun hinnen an de Studio ruffen fir d'Aktualitéit vun de leschten Wochen ze kommentéieren an...

Listen
RTL - 5vir12
"5vir12" Corona-Editioun, 24/05/2020 11:15 from 2020-05-24T11:15

All 14 Deeg huele si den décken Hummer eraus. Et waren dëst de Lucien Czuga, Jacques Kapp, Al Ginter a Gérard Valerius a leider feelt do de Numm vum Jay Schiltz deen dës Woch mat nëmmen 62 Joer ges...

Listen
RTL - 5vir12
"5vir12" Corona-Editioun, 24/05/2020 from 2020-05-24T11:15

All 14 Deeg huele si den décken Hummer eraus. Et waren dëst de Lucien Czuga, Jacques Kapp, Al Ginter a Gérard Valerius a leider feelt do de Numm vum Jay Schiltz deen dës Woch mat nëmmen 62 Joer ges...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Bleift doheem 2", 10/05/2020 11:15 from 2020-05-10T13:15

T'ass méi wéi engem, wou de Plaffong momentan op de Kapp fält, well t'ass awer schonn laang zanter dem 16. Mäerz doheem ze setzen. Dofir gëtt et nees Zäit sech e puer Gedanken ze maachen wat déi le...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Bleift doheem 2", 10/05/2020 from 2020-05-10T11:15

T'ass méi wéi engem, wou de Plaffong momentan op de Kapp fält, well t'ass awer schonn laang zanter dem 16. Mäerz doheem ze setzen. Dofir gëtt et nees Zäit sech e puer Gedanken ze maachen wat déi le...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Bleift doheem", 26/04/2020 11:15 from 2020-04-26T13:15

Normalerweis sëtzen déi 5 zesummen am Studio fir d'Welt auserneen ze huelen a wéi e Puzzle nees zesummen ze setzen. Zanter enger gudder Zäitchen geet dat awer net méi aus de bekannte Grënn. Mëttler...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 "Bleift doheem", 26/04/2020 from 2020-04-26T11:15

Normalerweis sëtzen déi 5 zesummen am Studio fir d'Welt auserneen ze huelen a wéi e Puzzle nees zesummen ze setzen. Zanter enger gudder Zäitchen geet dat awer net méi aus de bekannte Grënn. Mëttler...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 (Rétro vu virun 10 Joer), 05/04/2020 11:10 from 2020-04-05T13:10

Sozial Distanz gëllt och fir d'Equipe vum "5 vir 12" an dofir loosse mir si schéin doheem raschten, bis dass nees alles an der Rei ass, a mir si nees an de Studio ruffe kënnen fir dass se hiert Pol...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 (Rétro vu virun 10 Joer), 05/04/2020 from 2020-04-05T11:10

Sozial Distanz gëllt och fir d'Equipe vum "5 vir 12" an dofir loosse mir si schéin doheem raschten, bis dass nees alles an der Rei ass, a mir si nees an de Studio ruffe kënnen fir dass se hiert Pol...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Rétro (06/06/2010), 22/03/2020 11:10 from 2020-03-22T12:10

Well mer haut aus bekannte Grënn déi ganz Equipe net wéi gewinnt an de Studio trommele konnten, a mir awer och net ganz op hir Gesellschaft verzichte wëllen, si mer an d'Archiv wulle gaangen. De Mo...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 - Rétro (06/06/2010), 22/03/2020 from 2020-03-22T11:10

Well mer haut aus bekannte Grënn déi ganz Equipe net wéi gewinnt an de Studio trommele konnten, a mir awer och net ganz op hir Gesellschaft verzichte wëllen, si mer an d'Archiv wulle gaangen. De Mo...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 08/03/2020 11:10 from 2020-03-08T12:10

Si hei hunn näischt ze verstoppen. Am Géigendeel. Si kucken all 14 Deeg, wat nees ënner wéi en Teppech gekiert ginn ass. Se maachen Fréijoersbotz och soss am Joer. Beim Christiane Kremer sinn haut ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 08/03/2020 from 2020-03-08T11:10

Si hei hunn näischt ze verstoppen. Am Géigendeel. Si kucken all 14 Deeg, wat nees ënner wéi en Teppech gekiert ginn ass. Se maachen Fréijoersbotz och soss am Joer. Beim Christiane Kremer sinn haut ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 23/02/2020 11:10 from 2020-02-23T12:10

Wann d'Christiane Kremer Sonndes moies mat 4 Perséinlechkeeten zesummesetzt, dann ass et sécherlech kee Kaffiskränzchen. Ganz am Géigendeel. Beim Gast Waltzing, Lucien Czuga, Hubert Meunier a Jemp ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 23/02/2020 from 2020-02-23T11:10

Wann d'Christiane Kremer Sonndes moies mat 4 Perséinlechkeeten zesummesetzt, dann ass et sécherlech kee Kaffiskränzchen. Ganz am Géigendeel. Beim Gast Waltzing, Lucien Czuga, Hubert Meunier a Jemp ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 09/02/2020 from 2020-02-09T11:10

Et gëtt Zäiten, do geschitt näischt weltbewegendes an der Aktualitéit, an da gëtt et Wochen, do spruddelt et nëmmen esou. Dës Kéier huet de Gilbert Bertolo genuch Choix fir mat deenen anere 4 ze be...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 26/01/2020 from 2020-01-26T11:10

All 2 Wochen zéie si hire ganz perséinleche Bilan vun deem wat se wärend 14 Deeg verlauschtert, gelies oder gesinn hunn an da gëtt d'Analyse gemaach. 5 vir 12, dat heescht et treffen elo nees 5 Mee...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 12/01/2020 from 2020-01-12T11:10

D'Joer ass nach jonk, an déi meescht waren e puer Deeg am Congé. Ausgerout si se, awer huet 2020 och schonn genuch Fudder hir ginn fir sech kontrovers driwwer z'ënnerhalen? Dat fanne mer bis Mëtteg...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12 Spezial, 01/01/2020 from 2020-01-01T11:05

Wa se soss ëmmer op déi lëscht 2 Wochen zeréckkucken, dann huet d'Equipe vum "5 vir 12" sech gëscht d'ganzt Joer vir geknäppt. Wat louch hinnen uewen, wat ass hinnen eropgestouss, wat huet hinnen d...

Listen
RTL - 5vir12
"5 vir 12" de Wocheréckbléck, 08/12/2019 from 2019-12-08T11:10

Si kënnen iwwerall mat braddelen. Vum Sport iwwer d'Kultur bis bei déi komplizéierst politesch Zesummenhäng sëtzen d'Experten elo eng Stonn rondrëm den Desch fir d'Aktualitéit vun de leschten 2 Woc...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 24/11/2019 from 2019-11-24T11:10

Ier et Mëtteg ass, wësst der alles wat déi lescht 14 Deeg op der Welt passéiert ass, a souguer mat Commentaire. D'Christiane Kremer huet sech der 4 invitéiert, déi näischt laang fir sech hale kënne...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 10/11/2019 from 2019-11-10T11:10

Si kréien alles mat, op Heiheem oder iwwer d'Grenzen vum Grand-Duché eraus. Vun Problemer am Trafic iwwer Problemer mat Emailen bis Trainer déi ouni Veräin do stinn. Beim Gilbert Bertolo deedegen e...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 27/10/2019 from 2019-10-27T11:10

Bei hinnen 5 verstoppt keen sech hannert deem Aneren. Jiddereen steet säin Mann wann et drëms geet d'Saachen ze hannerfroen an d'Wourecht erauszefannen. Beim Gibbes Bertolo am Studio diskutéieren d...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 13/10/2019 from 2019-10-13T11:10

Si huele sech kee speziell op d'Long awer deelen am allgemengen aus, do wou et ubruecht ass.
Wat huet d'Land déi leschten 14 Deeg am meeschten interesséiert, a wou war d'Gedäisch am Gréissten? ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 29/09/2019 from 2019-09-29T11:10

D'Christiane Kremer huet sech vir dese Sonndeg den Al Ginter, Lucien Czuga, Gérard Valerius an den Hubert Meunier invitéiert, fir iwwer all dat ze schwätzen wat hinnen uewen läit. Am Prinzip kucke ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 15/09/2019 from 2019-09-15T11:10

Wéi passen 9 Wochen Summerpaus an 60 Minutten Sendung. Awer dat wärt der elo gläich héieren. Vu Gaardenhaischen am Stadion iwwer Tornado, Greta an Hochzäit Kaulitz/Klum. Et ass genuch geschitt, a b...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 07/07/2019 from 2019-07-07T11:10

Bedengt duerch Nationalfeierdag hu se elo 1 Stonn Zäit fir 3 Wochen opzeschaffen an duerchzekucken wat richteg a falsch hei an soss an der Welt geschitt ass.
Beim Christiane Kremer sinn et haut ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 16/06/2019 from 2019-06-16T11:10

Boxmoulen brauche si keng fir sech matenaner ze duelléieren. Si maachen dat mat Wierder a virun allem mat Argumenter. De Moien beim Dan Spogen mat am Ring, de Lucien Czuga, Al Ginter, Jemp Schuster...

Listen
RTL - 5vir12
5+1 vir 12, 12/05/2019 from 2019-05-12T11:10

Dir hutt Iech net verhéiert, a mir hunn eis och net verzielt. Haut sinn net 5 mee 6 Mikroen besat. Zu der Männerronn um Sonndeg wou iwwer dëst an dat geschwat gëtt, gehéieren haut den Guy Seyler, A...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 14/04/2019 from 2019-04-14T11:10

Se sinn och haut nees zu hirer 5 Männer, awer et sinn net déi üblech Verdächteg. Beim Gibbes Bertolo haut: de Guy Seyler, Lucien Czuga, Jemp Schuster an de Gast Waltzing.

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 31/03/2019 from 2019-03-31T11:10

Wat ass hinnen déi lescht Wochen géint de Stréch gelaf? Wouriwwer hu se sech opgereegt, a wou hätt kéinte méi Damp an der Kichen sinn? Ganz politesch korrekt, nuancéiert an ouni Prejugéen drécken d...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 17/03/2019 from 2019-03-17T11:10

Si loossen sech de Botter net vun der Schmier huelen. Si wullen och do wou et sténkt, an ënner dem Teppech leit keen eenzegen Steppskaer. Hei sinn déi 5 fir d'Fréijoersbotz national an internationa...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 03/03/2019 from 2019-03-03T11:10

Wien huet sech déi lescht 14 Deeg geschéckt, a wien huet sech de Batti gestallt? Wien huet gutt gemaach, a wien louch dernieft? Wien ass Top a wien ass Flop?
All dat beschwätzen déi Hären Ginte...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 17/02/2019 from 2019-02-17T11:10

Si hu keng gutt an der Kopp a géifen och ni eppes verzielen wat en aneren hinnen opgeschriwwen huet. Si weisen hiren eegne Kapp an dat ass och gutt esou.
Beim Gibbes Bertolo waren den Al Ginter...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 03/02/2019 from 2019-02-03T11:10

Si kënne net just bis 3 zielen. Si 5 zielen wat hinnen an de Kapp kënnt a wat déi lescht 2 Wochen d'Land an d'Welt beweegt huet, a wat alles geschitt ass.
Beim Christiane Kremer sinn et déi Kéi...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 20/01/2019 from 2019-01-20T11:10

Business as usual, oder ass 2019 komplett aneschter am Verglach mat viregte Joer. Déi heiten 5 mussen et wëssen well si suivéieren d'Aktualitéit hautno. Beim Gibbes Bertolo am Studio den Guy Seyler...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 06/01/2019 from 2019-01-06T11:15

Elo haalt Iech nees un, well et gëtt fläisseg ausgedeelt. An do gëtt jiddereen oder alles ugeschwat wat a leschter Zäit negativ opgefall ass. Se hunn hir Sensoren och am neie Joer op Empfang gestal...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 01/01/2019 from 2019-01-01T11:15

Normalerweis kucken si op 14 Deeg zréck an hirer Ronn. Haut riskéiere se e Bléck zréck op déi leschten 12 Méint a maachen den Exercice wat bei hinnen alles sou hänke bliwwen ass, respektiv wéi eng ...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 09/12/2018 from 2018-12-09T11:10

Ongebremst geet et elo nees bis Mëtteg mat 5 Stéck déi sech nees vill ze verzielen hunn. 14 Deeg hu se sech net gesinn an entre temps ass vill geschitt. Um Kaffiskränzchen beim Gilbert Bertolo sinn...

Listen
RTL - 5vir12
5 vir 12, 25/11/2018 from 2018-11-25T11:10

Et gëtt der déi fannen un allem eppes positives, an da gëtt et si. Déi heiten 5 fannen iwwerall en Hoer an der Zopp, eppes auszesetzen an ze meckeren. Bis Mëtteg si der elo an der Gesellschaft vum ...

Listen