ECONEWS, 12/03/2021 07:50 - a podcast by RTL Radio Lëtzebuerg

from 2021-03-12T07:50

:: ::

Claude Schettgen...
En Dënschdech haten mer op dëser Plaatz gesoot dass d’Faillite vun der Greensill Bank keng nei Kris gëng ausléisen.., trotzdem sinn d’Ramifikatiounen vun dëser Affaire dann dach zimlech grouss :

« fir d’éischt nach eng Kéier bei d’Bank, do gouf entretemps bekannt dass eng Reih deitsch Municipalitéiten och do vum héigen Zëns gelackelt Geld ugeluecht haaten, daat ass nët vum sougenannten Einlageschutz protegéiert an demno futsch. »

Futsch, e gutt Stëchwuert, well niewt der Bank ass den ganzen Greensill-Imperium jo faillite :

« an domat zu den Ramificatiounen, déi reechen jo och bis op Lëtzebuerg an d’Diddelenger Stohlwierk Liberty Steel waat dem Sanjeev Gupta gehéiert, den an den Lex Greensill waren nämlech ziemlich beste Freunde an sinn elo zu ziemlich besten Feinden mutéiert. GFG Alliance, so heescht dem Gupta seng Firma huet sëch nämlech zu groussen Deeler vum Greensill finanzéieren geloos an war domat souzesoen vum Australier oofhängeg. Gottseidank steet GFG op méi zoliten Féiss an hätt opmanst sëng kuurzfristeg Besoinen entretemps vun aaneren Geldgeber gesëchert kritt an gëng elo nach no den laangfristegen Oofsëcherungen sichen, spéider Faillite demno nach ëmmer net ganz ausgeschloss. »

Banken haaten mir gesoot faalen nët an eng Kris duerch Greensill, trotzdem gouf ët och do bei verschiddenen remue-ménage :

 « notamment um Credit Suisse wou 3 Leit entloos ginn sinn, JP Morgan fir hieren Deel huet verschidden Clienten vun Greensill elo refinanzéiert an domat eng méi grouss Katastroph oofgefierdert an och UBS an Unicredit maachen do mat, daat entzitt Greensill natiirlech gleichzeiteg sëng dëcksten Clienten an mëcht en Rebond onméiglech, entspriechend huet den Grupp jo och en Méindeg seng Faillite bei den engleschen Autoritéiten agereecht. »

Du haas och en Dënschdeg vun subprime 2.0 geschwaat, vläicht nach 1x mam klengen Läffelchen, waat ass dann do schief gelaaf...

« den business model war folgenden. Greensill huet Entreprisen onbezuelten Rechnungen oofkaaf zu engem Discount fir dann anschliessend dës Rechnungen integral anzedreiwen. Fir d’Upfrontpaiementer ze finazéieren sinn dës Rechnungen an Bonds gebündelt ginn, déi goufen dann un d’Clienten mat engem Rendement iwer Marché weiderverkaaf. D’Bonds hiererseits kruuten vun Banken wéi dem Credit Suisse Garantien ënner Formen vun credit default swaps. Tëscht der Taatsaach dass vill vun dësen Rechnungen um Enn nie konnten agedriwwen ginn an d’Margen entspriechend kleng waren, an gleichzeiteg d’Finanzéirungen wéi déi vum Gupta hannendrun mat vill Hiewel bedriwwen goufen, war den Crash wéi deemols beim subprime virprogramméiert. Waat alt nees bei den Kontrollen nët fonctionnéiert huet, mussen elo all d’Enqueten erginn, leider wärt daat fir d’Banken alleguer alt nees en Koup nei Reglemantiounen derbei bedeiten »



Further episodes of RTL - Econews

Further podcasts by RTL Radio Lëtzebuerg

Website of RTL Radio Lëtzebuerg