Nvidia–Gudd mee net gudd genuch ?, 22/11/2023 - a podcast by RTL Radio Lëtzebuerg

from 2023-11-22T07:50

:: ::


DAN: Se sin iwwerall, ouni dass een et wierklech matkritt....


Computechipen. Dess sin haut des Dags net nemmen mei am Computer mee och am Handy an am Auto. Wei geschter ugekennegt, huet déi wuel bekannsten Firma dann gëschter hier Resultater publizéiert.

An dess goufen mat Spannung erwaard. Emmerhin sin d’Aktien vun Nivdia alleng dest Joer 240 Prozent erop. Domadder huet d’Firma eng vun den beschten Performancen op der Wall Street dest Joer opweises. Dess Performance kennt natierlech net vun Neischt, duerch déi staark Entwecklungen am Beräich vun der kenschtlecher Intelligenz, erwaarden sech d’Investisseuren natierlech staarken Wuesstum bei den Verkeef an och am Profit.

Dofir ass Nvidia och en gudd Steck méi deier wei den Rescht vum Marchée.


Wann een well kucken op eng Firma déier ass, dann geet et net duer nemmen den Präis vun der Aktie ze kucken. Desen muss een an Relatioun mat finanziellen Donnéen, wei zum Beispill dem Benefice, analyséieren. Beim Price Earnings Ratio, deelt een dann den Präis vun enger Aktie duerch den Benefice pro Aktie… geschter Owend huet Nvdia dann bei engem Price-Earnings Ratio vun 116 gehandelt. Fir eng Referenz ze ginn, dei momentan Moyenn vun Price Earnings bei den Aktien am amerikaneschen Index leit bei 24. Et muss een also deitlech méi bezuelen, fir den selwechten Benefice, bei Nivdia. Also kann een soen dass d’Firma mé deier ass. Opt d’Aktie lo iwwerdéiert ass, muss jiddfereen fir sech entscheeden, eng eenzeg Metric geet net duer fir daat ze analyséieren, an Qualitéit an potentiell eenormen Wuesstum hun nuumol och hieren Präis.

D’Investisseuren erwaarden sech also deitlech Wuesstum bei den opérationnellen Zuelen vun Nvidia …Wei waar et dann lo gëschter bei den Resultater ?

Wanns de mech frees, op den eischten Bleck, fällt mer just een Wuert an….Impressionant! Den Chiffres d’affaires ass op 18 Milliarden US Dollar geklommen, daat ass eng Erheischung vun 206 Prozent am Verglaich mam leschten Joer. Mais Recetten alleng gin net duer, et muss een et als Firma och ferdegbrengen dess an Profit emzewandelen. D’Nettoresultat ass dann op 9,2 Milliarden US Dollar geklommen, eng onvirstellbar Augmentatioun vun iwwert dauseend Prozent. Den Benefice wiisst méi seier wei den Chiffres d’affaires, um opérationnellen Plang mescht een also vill richteg ,well een d’Dépensen am Greff huet.

« After-hours », also no der Cloture vum Marché huet d’Aktie dann awer phasenweis 7% méi déif gehandelt. Do schengt jo dann awer net all Mensch zefridden ze sin.

D’Erwaardungen waren natierlech eenorm héisch mee och dess goufen zum greissten Deel iwwertraff. Een negativen Punkt kéinten d’Venten an China sin. Nividia erwaart sech do en staarken Reckgang well déi US amerikaneschen Regierung, rezent, Restrictiounen bei den Exportatiounen vun Chipen an China annoncéiert huet. D’Wettrennen an der Technologie an virun allem bei der kenschtlecher Intelligenz, ass also net nemmen méi um Niveau vun den Entreprisen, mee ass mettlerweil vun politescher an internationaler Wichtegkeet.

Further episodes of RTL - Econews

Further podcasts by RTL Radio Lëtzebuerg

Website of RTL Radio Lëtzebuerg