"Les promenades d'1 zèbre" vum Noël Barkley, 06/11/2023 - a podcast by RTL Radio Lëtzebuerg

from 2023-11-06T08:45:57

:: ::

Vum Futtball bei d'Poesie: e Gespréich mam Noël Barkley



"Mélange subtil de poésies atypiques", sou den Ënnertitel vun engem Gedichtband dee genee dat ass: Ontypesch, iwwerraschend, sproocheverléift, gären och verspillt a mat engem Sënn fir Humor, deen eng gewësse Liichtegkeet mat an d'Spill bréngt. Dobäi huet dem Noël Barkley seng Carrière mat engem ganz anere Spill ugefaangen, nämlech dem Futtball. Als Goalkeeper war hie fir d'éischt a senger Heemechtsstad Marseille aktiv an duerno bei der Ettelbrécker Etzella.

Am Interview geet et awer natierlech net ëm Futtball, mä ëm dem Noël Barkley säin éischte Gedichtband, mam Titel: "Les promenades d'1 zèbre".

Further episodes of RTL - Lecture vun heiheem

Further podcasts by RTL Radio Lëtzebuerg

Website of RTL Radio Lëtzebuerg