"Verdruddelt" an "Zerknujelt" Geschichten: De Marc Weydert am Interview, 04/08/2023 - a podcast by RTL Radio Lëtzebuerg

from 2023-08-04T17:34:16

:: ::

De Marc Weydert erzielt Mäerercher a Seechen op seng Manéier: verdruddelt an zerknujelt!



Fir hir "Verdruddelt Geschichten" goufen den Auteur Marc Weydert an d'Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mam éischte Präis am nationale Literaturconcours ausgezeechent. Nodeems si mat hire verdréinte Mäerercher Grouss a Kleng zum Laache bruecht hunn, ass elo mat den "Zerknujelte Geschichten" en zweete Band erauskomm. De Marc Weydert ass haut den Invité an der Lecture vun heiheem.

Am Interview erzielt de Marc Weydert ausserdem och vu sengem Cabaretsprogramm "Lëtz druddel" , vu senger Zesummenaarbecht mat der Zeechnerin Marie-Isabelle Callier, an hie sicht schonn no Iddien fir en eventuellen drëtte Band vu senge "verkéierte" Mäerercher.

Déi verdruddelt an zerknujelt Geschichten si vum Marc Weydert geschriwwen, a vun der Marie-Isabelle Callier illustréiert ginn. Béid Bicher si bei Perspektiv éditions erauskomm.

Further episodes of RTL - Lecture vun heiheem

Further podcasts by RTL Radio Lëtzebuerg

Website of RTL Radio Lëtzebuerg